
Déi läscht 8 Joer hunn ech mech virun allem am Beräich vum Stopmotion Animatiounsfilm spezialiséiert. Zënter 2004 sinn ech relativ vill am Ausland täteg, wou ech Decoren a Marionettë fir Filmer bastelen, sou wéi animéieren an och realiséieren. Ech hu schonn dacks fir Schoulen oder Organisatiounen Animatioun-Workshope ginn. Ech hunn 2007 de lëtzebuerger Filmpräiss als “Jeune Espoir” mat mengem éischte Kuerzfilm LE GARDIEN DU NID kritt (vu Samsa Film produzéiert).